Ziler vun der DNE

Du gesäis dass 2016 den Zukunftspak ofgeschaaft gouf an déi beschneidend Mesuren, déi eis all betreffen, zum Deel nach ëmmer bestoen. Natierlech ass weiderhin den ofgeschaafte Professercomité eis ee groussen Dar am A. De Comité de la Conférénce du Lycée soll selbstverständlech bestoe bleiwe! Mais d’Enseignanten brauchen einfach eng gesetzlech Basis fir sech « entre pairs « ze treffen oder ze beroden! Dat wëll eis Konstitutioun esou!  Et gouf och viru Geriicht behaapt dass keen Enseignant am Land fir säin Act 72 eng eenzeg Stonn am Joer schafft. Esou eng Ausso ass ee weideren Dar am A. Ergo setze mir eis och allgemeng fir de Ruff vum Professer an.

Mais d’DNE gëtt sech net nëmmen kämpferesch. Allgemeng wëlle mer op d’Mëssstänn an der Educatioun hiweisen an esou d’Qualitéit an eise Schoule schützen. Dofir thematiséiere mer an deenen nächsten Wochen déi verschiddenst Aspekter wou, eiser Meenung no, d’Kromm an der Heck läit. An dëst schneit och gesellschaftlech Entwécklungen un, déi eiser Meenung no dem Schüler, eisem Beruff, eisem Statut oder eiser Gesellschaft schuede wäerten.

Mir wäre frou wann s du um Meenungsaustausch deelhuele géings a besonnesch als Vertrieder vun dengen Kolleeginne a Kolleege un den AG-en matmaachen géings (fir déi Gebaier déi nach kee Vertrieder hunn). Mir gesinn eis net als Gewerkschaft (mir hunn och keng Dechargen). Mir gesinn eis  och net als deklaréierte Géigner vun de Gewerkschaften. Mir gesinn eis éischter als Organ dat d’Meenung vun der Basis op onparteiesch Manéier opfänkt fir domadder haaptsächlech d’Interessen vum Schüler a Professer iwwerall ze vertrieden. Ergo ass d’DNE an eisen Aen d’Stëmm vun der Basis. 

Verfolleg eis an Zukunft an bilt der einfach deng eegen Meenung! Fann eis dofir op Facebook.