Wien ass d’DNE?

D’Ministesch Mady Delvaux huet wärend hirem zweete Mandat déi sougenannten DNL an d’Liewen geruff fir iwwert eng Reform vum Secondaire Classique, an eventuell aner noutwendeg Ännerungen, nozedenken. Een 300 Säite staarkt Dokument gouf vun dësem Grupp Professeren a Gewerkschaftler ausgeschafft a präsentéiert.  Aus dësem engagéierten Organ ass kuerz drop, ouni Gewerkschaftsmember, d’DNE , déi sech dunn 2015 konstituéiert huet. Vun Ufank un ass all Initiativ vun der DNE unhand vun engem basisdemokrateschen Vott gestëmmt ginn.

Effektiv hu reegelméisseg AG-en stattfonnt op deenen aus deenen meeschten Gebaier zwee Kolleege als Vertrieder iwwert déi proposéiert Mesuren ofgestëmmt hunn. Duerch d’Ofschafen am Joer 2016 vum Proffessercomité (als legaalt Organ an all Gebai) ass automatesch de System vun den AG-en zesummegebrach.  Et ass dem aktuellen Comité awer elo rëm gegléckt ee bal komplette Reseau vu Vertrieder an de Gebaier opzebauen, esou dass ons Stäerkt, den « Vott duerch AG » geschwënn erëm opliewe kann.