Mëssuechtung vun Gesetzer a vum Geriicht

Nach ni huet een Educatiounsminister d’Gesetzer an d’Geriicht esou brutal mësshandelt an mëssuecht!

Fir säi RGD vum 2015 huet de Minister Meisch d’Procédure d’urgence onberechtegt ugewannt. Et sinn och net all d’Avisen erageholl ginn déi bei engem RGD noutwendeg sinn. Doduerch huet d’DNE op der Form deen éischte Prozess gewonnen. Wärend dem Prozess huet de Minister gemierkt, dass en amgaang war ze verléieren. Dofir huet en dee selwechten RGD ouni Textemännerung einfach nach eng Kéier vum Grand- Duc ënnerschreiwe gelooss, andeems d’Prozedur korrekt agehale gouf. An dat nach ier d’Urteel gesprach gouf. Also nom Motto „wann ech mech net un d’Prozedur halen, ass guer näischt geschitt.“

Doropshin huet d’DNE och de Fong attackéiert an alt erëm gewonnen. Dëst Urteel huet de Minister awer net akzeptéiert, obwuel et rechtskräfteg ass. Hien behaapt kalbliddeg, dass dat Urteel net fir all d’Kolleege gülteg ass, obwuel déi 10 Kläger bei der Prozedur alles richteg beim Riichter dofir ënnerholl haten. Dozou kënnt nach eng weider Onverfrouenheet: eist Urteel gëllt fir de Minister Meisch och net retroaktiv. An anere Wierder: ee Staatsdénger kritt ee rechtskräftegt Urteel vun engem Gericht an erlaabt sech ze behaapten, dass dat net stëmmt, wat do dra steet.

D’Gewaltentrennung an eisem Land wëll jo grad just, dass d’Politiker sech net a Geriichtsaffären amëschen dierfen. Mee wéi all Bierger sinn och si dozou verflicht, een Urteel ze respektéieren an ze befollegen. Just net eise Minister! Deen däerf sech erlaben, ouni déi geréngste juristesch Basis dem Riichter säin Urteel, als falsch auszeleeën, well hien et jo besser weess wéi de Riichter selwer. Ergo sinn d’Gesetzer fir jiddweree… just net fir de Minister Meisch!

Dat ass ee staarkt Stéck, deem mir ze verdanken hunn, dass mer an engem weidere Prozess scho Recht kruten op dem Erga Omnes. Um Punkt vun der Retroaktivitéit krute mer um Verfassungsgeriicht am Prinzip och scho Recht. Elo leeft just nach een Appelverfaren, fir dass d’Retroaktivitéit och ugewannt muss ginn.
Et wier guer net sou wäit komm, wann eise Minister d’Gesetz grad esou wéi eise Stand respektéiere géif. De Minister huet d’Bedeitung vum Wuert Respekt anscheinend vergiess…

Et freet een sech, ob den Educatiounsminister domat wierklech der Educatioun déngt?

Ass säin Handelen der Funktioun vun engem Educatiounsminister digne?

Mir soen all deene Kolleeg*inne villmools Merci, déi eis an de leschte Woche finanziell ënnerstëtzt hunn, fir dass mir eise Prozess am Numm vun den Enseignantë weiderfuere kënnen.
Wann Dir eis nach weider ënnerstëtze wëllt, kënnt dir dat mat engem Virement (DNE LU79 1111 7040 7246 0000 mam Vermierk „Don recours + äert Gebai“) oder iwwer Digicash maachen: