Ofschafe vu Professercomitéen

Nach ni huet een Educatiounsminister et fäerdeg bruecht, de legal unerkannte Professercomité ofzeschafen!

Klammheemlech huet de Minister Meisch déi gesetzlech unerkannte Comitéen rechtlech einfach suppriméiert. Dëst als direkt Reaktioun op d’Professercomitéen, déi sech virdrun zesummegedoen haten fir geriichtlech géint seng illegal RGD virzegoen.

Zanterhier froe mir eis, wéi dat iwwerhaapt an enger parlamentarescher Demokratie méiglech ass?

Ouni Concertatioun mat de concernéierte Comitéen oder Gewerkschaften, a gutt verstoppt an enger sougenannter loi fourre-tout, huet de Minister Meisch et fäerdeg bruecht de Professercomité duerch e Personalcomité ze ersetzen, an deem déi verschidde Servicer aus de Schoulen zesumme vertruede sinn!

Natierlech hunn de « Service technique » oder de « Service administratif » och d’Recht duerch eng Vertriedung bannent der Schoul mat de Professeren un en Dësch ze kommen. Mä d’Interêten vun engem «Service technique» si ganz kloer anerer wéi déi spezifesch vun den Enseignanten! Pädagogesch Froen stinn nun emol bei de Professeren am Mëttelpunkt, bei deenen aneren Servicer kaum.

Interessanterweis sinn d’Attributioune vum neie « Comité de la conférence » nach ëmmer déi selwecht wéi déi vum fréiere Professercomité an domat eenzeg an eleng op d’Professere gemënzt. Et kéint ee bal mengen, et wier net dorëm gaangen de Servicen eng Representatioun ze ginn, mee just den Enseignanten hir Vertriedung an de Schoulen ofzeschafen.

Tatsaach ass, dass momentan Schüler an Elteren hir jeeweileg schoulintern Vertriedung hunn, just d’Enseignanten net!

Et freet ee sech, ob den Educatiounminister domat wierklech der Educatioun déngt.

Ass säin Handelen der Fonctioun vun engem Educatiounsminister digne?

Mir soen all deene Kolleeg*inne villmools Merci, déi eis an de leschte Woche finanziell ënnerstëtzt hunn, fir dass mir eise Prozess am Numm vun den Enseignantë weiderfuere kënnen.Wann Dir eis nach weider ënnerstëtze wëllt, kënnt dir dat mat engem Virement (DNE LU79 1111 7040 7246 0000) oder iwwer Digicash maachen: