Dësen Text ass fir d’éischt als Lieserbréif am Tageblatt vum 21. Dezember 2020 verëffentlecht ginn.
Nach ni huet en Edukatiounsminister et fäerdeg bruecht e spezifeschen Zeitungsartikel an enger Äntwert op eng QP un de Pranger ze stellen. Bis de Claude Meisch koum. Do drängt d’Fro „Quo vadis Minister Meisch?“ sech vum selwen op!
Dem Här Meisch seng Fonktioun verlaangt, dass hien als Staatsdénger agéire soll. All seng Decisiounen sollen haaptsächlech de Bierger déngen. Säin Aufgabeberäich begräift dobai iwerhaapt net d’Iwerwaache vun deem, wat d’Medien publizéiren.
Mat sengem Behuelen bedreift den Här Meisch dat selwecht Spill wéi den Donald Trump: ëffentlech den Inhalt an d’Informatioun vun engem unerkannte Presseorgan als „geféierlech“ oder „irresponsabel“ duerstellen. An genau aus dem Grond mussen eis Medien onofhängeg an duerch d’Pressefräiheet geschützt bleiwen. Eis Konstitutioun seet nun emol, dass de Bierger ee Grondrecht huet op fräi Informatioun! Dëst suergt fir fräi Meenungen.
Dobai spiggelt dës Attack leider just dem Minister sain wierklechen Ëmgang mat den Enseignanten rem.
De Premier Xavier Bettel verkënnegt op Initiative vum Claude Meisch viru 5 Joer an der Chamber, dass „ab elo d’Professeren nëmmen nach fir déi Aarbecht bezuelt ginn, déi se och wierklech maachen.“ Dat heescht dass d’Professeren ab elo net méi an der Staatkees klaue wärten. Eng Frechheet!
Mat dësem Saz sin och d’finanziell Aboussen, déi den Enseignanten ënnert dem Zukunftspak ënnergeschoustert goufen, justifiéiert gin.
D’DNE zitt viru Geriicht, fir géint dës Mesuren ze kloen a kritt Recht. Ëmmer erëm. Fir d’éischt an der Form, well dës Mesuren net hätten dierfen an enger „procédure d’urgence“ ëmgesat ginn an 2019 schlussendlech och um Fong. Just de Minister huet decidéiert, dëst Urteel net ze exekutéieren, well et net „erga omnes“ an och net “retroaktiv” gëlle géing. Fir den “erga omnes” gouf et mëttlerweil eng weider Victoire fir d’DNE. Momentan leeft awer wéint der Retroaktivitéit nach een Appelverfahren.
Queesch duerch des Prozesser ass kloer festgehale ginn, dass den Minister sech net un d’Prozeduren hält. Dass en d’Konstitutioun net respektéiert. Dass en sech erdreist ee Jugement, net ëmzesetzen. De Minister huet andauernd bewisen, dass et nemmen drëms geet, ze maachen wat him passt an net wat d’Gesetz eis all seet.
Wat soss? Zwou illegal ofgelafe Sessioune vun de Premièresexamen. Diskriminatoresch Reegelen bei der Weiderbildung géigentiwwer all aner Fonctionnaire. D’Ofschafen per Gesetz vun de Professercomitéen, wat de Professeren hir offiziell demokratesch Vertriedungen läscht. Keng Konzertatioun mat de Gewerkschaften. Den Dialog feelt total, d’Diktat duerch den “Fait Accompli” ass d’Regel. D’Entwerten vum Professerstage mat vollster Willkür– d’Direkteren kruten z.B. nemmen een Dag Zäit fir hiren Avis ofzeginn. D’Schikanéieren vun de Kolleegen aus dem psychosoziale Beräich. Mat Recht froen sie an engem Bréif un d’Chamber, “ob de Geck mat hinne gemaach gëtt”.
An aktuell: Ouni d’Interventioun vun den Direkteren hätt de Minister d’Enseignanten forcéiert hiren Homeschooling vum Lycée aus ze halen. De Manko u Respekt geet schlussendlech esou waait dass d’Direkteren an Professeren permanent no RTL informéiert gin.
Dës Opzielung ass net komplett, mee gëtt schon en deelweis ongefilterten Abléck an d’Gefillswelt vun denen meeschten Enseignanten. D’Kolleegen aus dem psychosoziale Beräich froen esou guer, ob de Minister nach drobar ass. Vlaicht kann de Lieser vun desen Zeilen elo opgeklärt dorops äntweren? Op jidde Fall bleiwt et méi denn je bei deser Ongewëssheet: Quo vadis Minister Meisch?