Nach nie…

Nach nie huet een Educatiounsminister: 

  • esou vill mat Diktat amplaz Dialog geschafft!   
  • seng Fonctionnairen um Terrain esou krass diskriminéiert par rapport zu all deenen aneren Staatsbeamten!  
  • eis pedagogesch Expertise an Erfarung esou systematesch mat Féiss getrëppelt!  
  • d’Constitutioun an hir Gesetzer esou widderholl brutal mësshandelt an verdréint! 
  • d’Qualitéit vun eisem Stage esou dramatesch zerstéiert!  
  • et fäerdeg bruecht, de Professercomité als legaalt Organ ofzeschafen!  
  • esou onwarscheinlech konstant de Geck mat eis gemaach!  

Viru 5 Joer, an wéinst dem ominéise “Elo ginn d’Professeren just nach bezuelt fir dat wat se schaffen “, huet d’DNE een demokratesch mandatéierten Geriichtsprozess géint den Minister ugefaangen. Well den Minister 2019 refuséiert eist Urteel z’acceptéieren (dat eis Recht ginn huet), sinn aus engem Verfaren eng Rëtsch anerer entstanen.   

Aus deem Grond leeft am Moment een Appelverfaren. Do geet et drëms, dass jiddereen vun eis d’Recht soll kréien, fir seng deemoleg 1ières Examensdeklaratiounen nei erareechen ze däerfen.   

Mir brauchen elo är finanziell Ënnerstëtzung fir eist Appelverfaren an eisem gemeinsamen Sënn op en Enn ze bréngen. Dofir ass all Don vun 50€, oder méi an och manner, wierklech wëllkomm fir esou des demokratesch mandatéiert Resistenz solidaresch z’ënnerstëtzen!  

Hei onsen CCPL Konto :  LU79 1111 7040 7246 0000 

Oder Digicash op d’Nummer 661 275 768 (natierlech verbonne mam Konto vun der DNE) 

Schreift w.e.g. als Kommunikatioun „Don recours“ + äert Gebai”. 

All weider interessant Detailer heizou gëtt et hei op eiser Websäit  an op onser Facebooksäit.

Ee grousse kämpferesche Merci am viraus!