Historique

Zënter dem Mandat vun der Ministerin Anne Brasseur goufen et, de Schüler betreffend, vill Schoulreformen mat deenen d’Enseignanten gréisstendeels net averstane waren oder nach ëmmer net sinn. Et sinn dat déi katastrophal Reformen vun der Grondschoul, vun der Beruffsausbildung an dem fréieren Technicien, d’Reform vum Classique a punkto Premièresexamen (fir dëse méi liicht ze maachen), den Kompensatiounsseuil vun 36, deen bis elo besteet, d’Studenteboursen,  déi beschnidde goufen, d’Sproochen, déi ëmmer méi fakultativ ginn, de Premièresexamen deen eng Rëtsch Joren reglementaresch illegal ofgelaf ass…

Leider sinn an der selwechten Zäit och enorm vill Aschnëtter am Statut vum Professer virgeholl ginn (zum Schluss vun dësem Message fannt der eng méi komplett Opzielung dovun). Dëst huet ënnert anerem deen ominéisen RGD (Règlement Grand-Ducal) vum 25. August 2015 an d’Liewen geruff. Duerch dësen RGD, an dat mat der Ënnerschrëft vun de Gewerkschaften, sinn alt erëm weider Aschnëtter duerchgesat ginn. Dernieft deklaréiert den Premierminister an der Chamber „dass mir elo just nach dat bezuelt kréien fir dat mer och schaffen“.  An anere Wieder „ et ass elo eriwwer mat de Professeren déi aus der Staatskeess klauen“.  Dëst huet d’Faass endgülteg zum Iwwerlafe bruecht. Fir dësem RGD,  an och allen zukünftegen Problemer entgéintzewierken, ass den 10. November 2015 d’DNE offiziell als Asbl. gegrënnt gin.

2 Fakten hunn deemools de „Ras-le-Bol“ op all déi dote „Spuermesuren“, „Aschnëtter“ a „Reformen“ bestätegt:

  • an engem Sondage vun 2015 hunn 93 % vun de Kolleege kategoresch refuséiert, erëm eppes mussen ofzeginn.
  • 970 Kolleege kommen eisem Opruff no mat enger Spend zukünfteg juristesch Aktiounen ze finanzéieren.

Opgrond vun dësen Tatsaachen ass deemools an enger AG decidéiert ginn mat Hëllef vum  Maître Burg juristesch géint den RGD vum  August 2015 virzegoen. Dësem Mandat gi mer nach ëmmer no an et sinn och nach net all Recoursen ofgeschloss.

Der DNE hir juristesch Resultater

Den RGD vum 25. August 2015  (hält den Accord mat der Intersyndicale fest) huet d‘DNE mat sengem Jugement vum 12. Oktober 2016  gekippt. Den Minister refuséiert leider nach ëmmer dat Urteel ëmzesetzen an zwar erga omnes an retroaktiv, dofir leeft elo nach ëmmer ee Recours fir dat z’erreechen. Den 5. Abrëll 2019 huet den Tribunal administratif eis schonn am erga omnes  Aspekt Recht ginn, den Aspekt retroaktiv ass elo op d’Cour Constituelle weidergereecht gin…

Den RGD vum18. Oktober 2015 (Formation Continue mat all de spezifeschen Nodeeler fir d’Enseignanten) krut d‘DNE den 24. Januar 2017 gekippt.

Den RGD vum 6. September 2016 (deen de Minister geholl huet fir den RGD vum 25. August 2015 z’ersetzenm well e matkrut dass hien um Geriicht amgaange war ze verléieren), deen hu mir den 12.Februar 2019 definitiv gekippt.

D‘ Urteel vum 12.Februar 2019 schaaft also bis elo rëm d’Bedingungen vun 2015 zeréck (vu virun dem Accord mat de Gewerkschaften). Dat heescht och dass de Ministère eis misst alles nobezuelen wat en illegalerweis ze mann bezuelt huet (Examenskopien verbesseren, etc.) An dëser Saach ass nach ee Recours um Lafen…

Hei nach déi grouss Wull vun den direkten Aschnëtter am Professerstatut zënter dem Mandat vum Anne Brasseur:

  • d’ Koeffizienter goufen reduzéiert
  • d’Koeffizienter goufen un d’Klasseneffectifer gebonne
  • d’Décharges pour ancienneté goufen geréckelt a gestrach
  • de Koeffizient vun enger Stonn ass esou guer ënnert 1 gefall
  • d’lettre Grégoire,déi eis laang Joren ugerechent gouf, ass 2007 an en obligatoresch ze deklaréierenden Act 72 ëmgewandelt ginn
  • d‘ Verspriechen vun 2007 („dir gitt elo eppes an dann ni méi“) gouf schonns 2015 gebrach (mam RGD vum 25. August)
  • den Grad E7bis ass definitiv ofgeschaaft ginn
  • op der UNI gouf agefouert dass een E7 Professer deen eriwwer wiesselt all Acquisen (Dechargen, Iwwerstonnen, Anciennetéitsstonnen, Examensvergütungen, Vakanzen) ouni Kompensatioun verléiert
  • op der UNI ass den Ingénieur Technicien ofgeschaaft ginn, awer als Staatscarrière gouf en agefouert
  • den T.C. gouf aus dem Stage eraus geholl an huet doduerch dee bekannten Imbroglio ausgeléist
  • d’80/80/90 Reegel gouf fir d’Stagiairen ageféiert
  • de Stage war 2 Joer laang, dunn 3 Joer, dunn 2 an elo 1
  • d’Deklaratiounen vun den Programmkommissiounen gi gekierzt
  • den Zukunftspak 2015 bréngt ee Coefficient réducteur fir d’Premièresstonnen
  • d’Premièreskopien mussen zum Deel gratis verbessert ginn
  • am Examen muss gratis Surveillance gehalen ginn
  • d’Formation continue gëtt verduebelt, muss an der Fräizäit an bis zur « fin de carrière » gemaach ginn, eng Tatsaach déi total ongerecht ass par rapport zu allen aneren Staatsbeamten
  • scho gemaache FoCos gi net all unerkannt

An 2016 kënnt och nach de Supergau: de Professercomité gëtt ofgeschaaft!