Gesondheet an de Schoulen

Wärend de wëssenschaftleche Konsens iwwert Sars-Cov-2  seet, dass Kanner a Jugendlecher grad esou infektiéis sinn wéi Erwuessener, behaapt de Minister Meisch sech weider dorop, dass de Gesondheetsrisiko fir si minimal ass. An dat obwuel seng eegen Etüd iwwer d’Verbreedung vum Virus an eise Schoulen, déi de 14. August virgestallt gouf, sech deem uschléisst wat international als Fakt akzeptéiert gëtt.

Zënter Mëtt August wësse mir, dass op mannst 49 Leit sech an der Schoul mam Virus ugestach hunn, bei weideren 159 positiv geteste Leit konnt net festgestallt ginn, wou hir Infektioun hirkoum. Nach eng Woch no Schoulenn sot de Ministère, dass „ausser an e puer rare Fäll (…) bis ewell keen sech an der Schoul ugestach huet.“ Kuckt een iwwert déi orwellsche Wuertspillerei an dëser Ausso ewech, bleift de Constat, dass de Ministère mëttlerweil Übung doran huet wëssenschaftlech falsch Thesen ze vertrieden.

Dobäi ass et richteg, dass d’Schoulen op sinn. Déi Jonk mussen d’Méiglechkeet hunn am Kontakt mat hiren Enseignanten a Matschüler ze léieren. Mee den irresponsabelen Ëmgang mat der Infektiounsgefor virum Summer an déi ewell getraffen Decisioune loossen awer dorun zweiwelen, dass de Minister den Eescht vun der Lag erkannt huet.

Gewerkschaften, Schüler- an Elterevertriedungen kritiséiere mat Recht, dass net genuch mat hinnen den Dialog gesicht gëtt. Wann de Minister dorop entgéint, dass hien et ass, deen um Schluss d’Decisioun treffe muss, wierkt dat dann awer wéi e schlechte Witz. 

Well am Klassesall dierfen d’Schüler hir Mask ausdoen, ausser d’Direktioun decidéiert, si missten se unhalen. D’Schüler mussen all an d’Schoul, ausser d’Direktioun decidéiert, dass déi iewescht Klassen deels op Distanz enseignéiert ginn. Vulnerabel Schüler sollen an d’Schoul kommen, mä dierfen och doheem bleiwen; dat ass dann un der Schoul, fir ze kucke, wéi een dat reegelt. Säi Stufemodell gesäit vir, dass bei enger Infektioun vun engem Schüler, dësem seng Klass am Gebai isoléiert gëtt a Masken droe muss, mee déi concernéiert Enseignanten sinn awer fräi fir op hir aner Klassen ze goen. A sou weider a sou virun.

Dem Minister seng Consignen wierke wéi indikativ Proposen, déi vu responsabelen Direktiounen an Enseignanten zum Schutz vun de Kanner ergänzt ginn dierfen. Et ass schwéier virstellbar, wéi an engem geschlossene Raum an deem iwwer 20 Leit openee kommen, Infektiounen ouni Mask evitéiert gi sollen. Gutt, dass vill Direktiounen dëst als ze riskant betruecht hunn an hir schoulintern Mesüren verschäerft hunn, och wann si domat bei deem engen oder aneren schlecht ukomm sinn. 

De virleefegen Héichpunkt stellt dobäi natierlech d’kontrovers Diskussioun ëm partiell Quarantänen am Enseignement duer. Wien ass hei schold? D’Santé natierlech, déi dem Minister säi Plang net esou ëmsetzt, wéi hien sech et virgestallt huet. Dobäi huet si just dat konkretiséiert, wat a sengem Stufeplang als Recommandatioun steet. Seng eege Verantwortung dofir, dass ëmmer nees Onrou entsteet, an ëmmer nees Mesuren anescht verstane gi wéi vun him gewollt, erkennt hien net. 

Mir erwaarde vum Minister, dass hien net nëmmen Decisiounen hëlt, mee och wierklech senger Responsabilitéit gerecht gëtt. Well ze dacks wälzt hien dës léiwer op seng Leit of oder schoustert der Gesondheetsministesch de schwaarze Péiter zou. 

Hien a seng Beamten hunn zu all Zäit den Iwwerbléck iwwert déi aktuellsten Etüden a stinn a permanentem Kontakt mat der Santé. Et ass onverantwortlech, ze erwaarden, dass Direktiounen an Enseignanten, déi dësen Zougrëff op wëssenschaftlech Quellen net hunn, hir Decisiounen ergänze sollen. Mir fuerderen, dass de Minister, zum Schutz vun der Gesondheet vun de Kanner an all de Leit, déi an der Schoul schaffen, seng Responsabilitéit erkennt an dës Decisioune selwer trëfft. An zwar verbindlech. 

Wat dës aktuell Situatioun ofschléissend däitlech ënnersträicht, ass, dass de Ministère et jorelaang verpasst huet, d’Médecine scolaire an de Lycéeën auszebauen. Dëst, éierlech gesot, well et och keen ëffentlechen Drock gouf. Géif et awer medizinescht Personal an de Schoulen, wat den Direktiounen berodend zur Säit stoe kéint, wieren dem Minister seng Consignen méi einfach ze akzeptéieren. 

Mir fuerderen, dass all Lycée een Infirmier oder eng Infirmière zum feste Personal ziele kënne muss. Si kéinte souwuel no der Gesondheet vun de Schüler kucken, si beroden an och bei der Preventioun an der gesondheetlechen Educatioun hëllefen. 

Mir fuerderen, dass spéitstens elo, wou mir eis an enger Pandemie befannen, en Ëmdenken stattfënnt. 

Diskutéiert mat eis iwwer Facebook.