„Dir musst den Elteren dat jo net alles erklären.“
„Mäi Bouf huet siwen Datzen op 7e a gesäit kee Land méi. Mä vläicht geet et op 6e jo besser, well do kënnt en hin.“ Kléngt fir Leit, déi duerch de Lëtzebuerger Schoulsystem gaange sinn, wéi eng Fiktioun, ass awer mëttlerweil a ville Fäll esou. Do hëlleft et och net, wann e Responsabele vum Ministère an de Schoule mam uewen zitéierte Saz virstelleg gëtt.
Mir sinn eis all eens, dass d’Duerchfalen net d’Léisung fir des Problemer ass. Vill ze dacks gesi mer Schüler, déi e Joer doubléieren an déi no ufänklechem Äifer leeschtungsméisseg vill ze séier nees genee do sinn, wou se hiert lescht Joer opgehalen hunn. De Redoublement déngt bei villen net dozou hir Schwächten opzeschaffen, mä just dozou hire Parcours ze verlängeren.
Also mécht et Sënn fir ze soen: Et solle manner Schüler duerchfalen. Gäre gëtt d’Argument bruecht, just wéinst enger Schwächt soll e Schüler net e Joer doubléieren. An dat stëmmt och. Alles anescht wier net méi zäitgeméiss.
Just ass et scho laang net méi méiglech, dass e Schüler op den ënneschte Klasse vum ESG wéinst enger Datz duerchfale konnt. Hat e Schüler zwou Datzen, konnt hien déi kompenséieren a krut eventuell en Travail de révision iwwert de Summer. Dëse war wuel verstane keen Noexamen, well de Schüler jo net méi duerchfale konnt. Schlëmmstefalls gouf als éischt Nott vum nächste Schouljoer eng ongenügend Nott gezielt.
Et ass also guer net esou, dass den neie System koum, fir dass d‘Schüler net méi wéinst enger Schwächt hänke bleiwen. Ewell ass d’Situatioun déi, dass Schüler net trotz enger oder zwou Schwächte weider kommen, mä ouni wierklech Stäerkten. Et gëtt Schüler, déi reegelrecht „viru scheiteren“, an déi ni d’Méiglechkeet gebuede kréien fir eng Kéier déi nämmlecht Matière widderhuelen ze kënnen.
Fir d’Elteren a Kanner ass esou eng quasi automatesch Promotioun, déi komplett onofhängeg vum Fortschrëtt a vun de Leeschtunge vun de Kanner ass, schwéier ze verstoen. Fir de Schüler ass säin Aarbechtsopwand a seng Leeschtung ofgekoppelt vum eigentleche Succès: dem Weiderkommen. Hie sëtzt e Joer méi spéit mat de selwechte Leit am Sall, ouni d’Fortschrëtter gemaach ze hunn, déi dat rechtfäerdege géifen.
Dëst ass ëmsou méi problematesch, well si no der 5G weider orientéiert ginn an eng Decisioun treffe sollen, déi eventuell hiert ganzt weidert Liewen beaflosst. Hinne bis dohinner liichtfankeg d’Gefill ze ginn, dass schoulesch Net-Leeschtungen keng visibel Konsequenzen fir si hunn, ka spéiderhin schwéier Nodeeler mat sech bréngen, wa si mat der Realitéit konfrontéiert ginn, dass hir Dreem kaum oder just nach ganz schwéier ze realiséiere sinn.
Et ass dowéinst onbedéngt néideg, dass de Ministère déi Promotiounskrittären nach emol iwwerdenkt. Si mussen am Sënn vum Schüler vereinfacht ginn an obligatoresch Remediatiounsmesuren mussen erëm agefouert ginn.
Gläichzäiteg huet sech mat den neie Promotiounskrittären och d’Duerchlässegkeet zum ESC erschwéiert. Schüler, déi sech gutt entwéckelen, an awer nach eng oder déi aner Schwächt mat sech droen, kënne manner liicht an den ESC wiessele wéi ënnert de fréiere Krittären. Och hei muss de Ministère seng Approche onbedéngt iwwerdenken, fir Schüler, déi duerch Effort opfalen, méi Dieren opzemaachen.
Besser verständlech Promotiounskrittären preparéieren d’Schüler an Elteren zu gudder Lescht och op d’Orientatioun, déi op der 5G geschitt. Fir Elteren, déi verstinn, wou d’Stäerkten a Schwächte vun hirem Kand leien, ass et méi einfach, d’Kand zum fir hatt beschte Choix ze begleeden.