Autonomie des Lycées

D’Schülerpopulatioun innerhalb vum Grand-Duché huet sech innerhalb vun de leschte Joerzéngte radikal verännert an zeechent sech haut duerch eng Heterogenitéit aus, déi Spigelbild vun enger kosmopolitescher Populatioun ass. Leitgedanken an ugestriëftent Zil vum Ministère ass et, eng Schoulpolitik z‘erméiglechen, déi dëser Heterogenitéit Rechnung dréit an duerch eng déifgräifend Reform d‘schoulesch Reussite vu besonnesch deene Schüler/- innen erméiglecht, déi et duerch verschidde kulturell a sproochlech Grondbedéngungen oft ze schwéier haten, sech an eisem System erëmzefannen.   

De Constat ass logesch an de Usaz ass luewenswäert. Fir adequat op déi spezifesch Besoine vun der villfälteger Schülerpopulatioun kënnen ze wierken, huet de Ministère 2017 d’Autonomie vun de Lycéeën nei definéiert, andeems virun allem d’schoulesch Offer diversifizéiert ginn ass. All Lycée soll mathëllef vum CDS e plan de développement scolaire (PDS) ausschaffen a sech domat en eegent Profil ginn, dat un de spezifesche Besoine vun der Schoulcommunautéit soll ausgeriicht sinn. Verschidde Formatiounen, Sektiounen a Course kënnen elo schoulintern nei ugebueden, anerer ewechgelooss ginn oder verléiere je no Sektioun a Klass en Deel vu de Stonnen.. D’Schafe vun engleschsproochege Filièren oder vun International Schools sollt der sproochlecher Vielfalt vun der Schoullandschaft entspriechen. Gëtt dës Adaptatioun als noutwenneg a positiv Entwécklung vun de Lycéeën duergestallt, sou si mir der Meenung, datt duerch eng exzessiv Autonomie vun de Lycéeën de neoliberale Geescht endgülteg Zougang an eng Bildungsinstitutioun gewënnt, déi bis dato eleng der staatlech-ëffentlecher Souveränitéit ënnergeuerdent war.  

Et kann een nämlech elo no knapps zwee Joer scho feststellen, datt ee fir eis ongesonde Geescht vu Kompetitioun tëschent den eenzele Schoulgebaier stattfënnt. Well d’Elteren elo de fräie Choix hunn, wou se hir Kanner no der Primärschoul hischécken, ass et un de Lycéeën, mat enger attraktiver Offer ëm hir Gonscht ze buhlen. D’Schoul gëtt doduerch zur enger Wuer, déi et ze verkafe gëllt. Mir sinn der Meenung, datt d’Schoulpolitik ëmmer méi tributaire vun de Consommateure gëtt, anstatt sech de wierkleche Besoine vun hinnen ze adaptéieren.  

Duerch de Lancement vum Site Méng Schoul gëtt de Ministère den Elteren en einfache Moyen mat op de Wee, fir e Choix tëschent de villfältege Schoulofferen ze treffen. Dëse Site steet sinnbildlech fir eng Evolutioun, no där e Lycée sech an engem Ëmfeld duerchsetze muss, dee sech ëmmer méi duerch e Konkurrenzkampf auszeechent. Op dëser Säit kënnen d’Interessenten d’Points-forts vun den eenzelne Lycéeën nokucken. All Lycée soll mathëllef vum PDS verschidde Kategorien auswielen, an deenen se mengen, datt se sech auszeechnen. Dat geet iwwer Kategorië wéi Médias, Climat scolaire, Sports bis hin zu Développement durable. Sou kritt elo all Schoul d’Méiglechkeet, sech am beschte géigeniwwer der Konkurrenz ze verkafen.  

Wann och all Kompetenzen aus dëser Lëscht u sech luewenswäert sinn, sou stellt sech d’Fro, no wat fir enge Critèren dës gemooss ginn? Wat zeechent eng Schoul, déi sech als Schlagwuert Climat scolaire op de Fändel schreift, géigeniwwer vu senge ‚Konkurrenten‘ aus. Et erschéngt eis esou, wéi wann eppes géif probéiert, quantifizéiert ze ginn, wat net moossbar ass, well d’Bildungs- an d’Schoulpolitik ëmmer qualitativen Normen z‘entspriechen huet. Dëst geschitt ganz no engem maartwirtschaftleche Moossstaf. Den Objektif, déi selwer definéiert Ziler z‘erreechen, versetze virun allem d’Enseignanten an d’Direktioune vun de Schoulgebaier ënnert immensen Drock. Sou entsteet eng Atmosphär, déi vu neoliberale Critèren dominéiert gëtt: Performance an Evaluatioun vu staatleche Bildungsinstitutiounen. De Lycée gëtt sech eng Charta, déi d’Roll vum Leitbild anhuele soll. Ass d’Iddie vum Leitbild eng Iddie vun der Privatwirtschaft, déi d’Philosophie an d’Wäerter vun enger Entreprise duerstelle  an d’Beleegschaft ronderëm eng Identitéit vereenege soll, sou kann fir eis eng Charta an enger ëffentlecher an nationaler Schoullandschaft keng Plaz hunn, well schlussendlech d’Gesetz d’Roll vun enger nationaler Schoullandschaft bestëmmt. Natierlech schléisst dëst net eng gemeinsam Reflexioun iwwert de Mateneen an enger Schoul  aus, mee dëst sollt tëschent allen Acteuren vun engem Gebai stattfannen a soll net dozou déngen, sech géigeniwwer der vermeintlecht Konkurrenz ze positionéieren. 

Och duerch weider Evaluatiounscritèren, wéi épreuves standardisés oder taux de promotion sollt den Elteren de Choix vereinfacht ginn, déi richteg Schoul fir hir Kanner ze fannen. Duerch dës Entwécklung geréit d’Neutralitéit vun der ëffentlecher Schoul ëmmer méi a Gefor. Ze bedenken ass och, datt net auszeschléissen ass, datt sou Eliteschoulen entstinn, well d‘Elteren, déi d’Schoul vun hire Kanner net méi no Proximitéitscritèren aussichen, mee nom sozialen Ëmfeld vun de Schüler. Sou verléiert d’Schoul säin integrativ-demokratesche Charakter a verstäerkt sozial Ongläichheeten innerhalb vun der Schülerpopulatioun. 

Mir géifen et begréissen, wann Lycéën en Deel vun hirem Budget net méi géifen dofir benotzen, sech no baussen ze vermaarten. Amplaz datt Schoulen géinteneen an engem ongesonden Konkurrenzkampf stinn, wier et dach sécherlech fir eis Bildungspolitik méi fërderlech, wann d’Gebaier op engem regionalen Niveau bereet wieren, ze kooperéieren, fir sech sou an hirer Offer ze ergänzen. Da wier e reelle Choix fir d’Elteren a fir hir Kanner méiglech, an dëst ganz am Sënn vun enger allëmfaassender Schoullandschaft. Esou stäerkt schlussendlech eng national Schoul de gemeinsamen Bildungsoptrag, an dëst ganz am Sënn vun der Gesellschaft.